Amok - Film BABY(A)LONE

Eng Geschicht iwwert d'Léift an iwwer d'Feele vu Léift

Ciné Le Paris

12, rue de la gare

22ten Abrëll 2015

20:00

Baby(a)lone vum Donato Rotunno baséiert op dem Buch „Amok” vum Tullio Forgiarini, deen zesumme mam Donato Rotunno a mam Nicolas Steil d'Dréibuch zu dësem Film geschriwwen huet.

D'Geschicht erzielt vu soziale Mësstänn, Zukunftsängscht a vu jonke Leit ouni Perspektiv, déi ëmmer méi déif an eng Spiral aus Hoffnungslosegkeet a Gewalt eragezu ginn. D'Machtlosegkeet an d'Onfähegkeet vun de Jugendlechen fir a Schoul, Famill a Gesellschaft mat hire Problemer emzegoën, hëlt schliisslech e katastrofalt Enn.
„Amok” ass dem Tullio Forgarini säin éischte Roman op Lëtzerbuergesch a gouff 2013 mam international renomméierte Literaturpräis vun der Europäescher Unioun ausgezeechent.
Virum Film gett et eng kuerz Aféierung an d'Thema mam Tullio Forgiarini a mam Thomas Schoos vun den Editions Guy Binsfeld. Uschléissend ass d'Filmvirféierung a voller Längt.

Trailer vum Film
Partner
Logo Cine Paris Binsfeld Logo libo Logo Iris Logo Iris tarantula