E Bouf erzielt

Haut viru 70 Joer

Café littéraire

37, route d'Esch

26ten Abrëll 2015

16:00

E Bouf erzielt

Et sinn d’Erënnerunge vun engem klenge Student un déi lescht Deeg vum Krich, dee grousse Moment, wéi d’Preisen sech erginn hunn, an déi Wochen duerno, wou nach sou munches op der Kopp louch a wou et geheescht huet : « D’Ärem ropstrëppen an nei ufänken ! »
Geschichten, bei deenen een, trotz deem eeschte Sujet, schmunzelen, wann net souguer häerzhaft laache kann.
An um Enn mécht hien sech sou seng Gedanken iwwert dat, wat en als Kand an als klenge Student erlieft hat a bei deem en net méi domm gouf.

Info

Henri Losch, 1931 zu Dikrech gebuer. Linguist, Kannerbuch- an Dréibuchauteur, Iwwersetzer an Erzieler. Hien ass och als Theater- a Filmschauspiller ervirgetrueden.

Logo binsfeld Logo 100,7

D’ Liesung gëtt moderéiert vum Jean-Claude MAJERUS, Kultur-Journalist beim radio 100,7.