Den Tom & d’Gummisstiwwele-Band
Eng Erzielung vum Luisa Bevilacqua
„Et wor eemol, viru laanger laanger Zäit, deemools wéi souguer de Ris nach waakreg war.
– De Ris waakreg? Gewass! Dee läit dach zënter éiweg do a schnaarcht wéi eng ganz Seeërei.“
Dir wësst jo sécherlech vu wéi engem Ris Riets ass, jiddweree kennt deen! Mee kennt dir och de butzegklengen Tom? An hutt dir nuets schonn d’Wisekinnigin héiere kräischen oder den Hunn vum Kierchtuerm gesinn dem Wand Geheimnisser pësperen? Wann net, da lauschtert gutt no: d’Luisa erzielt ons d’Geschichten, déi hatt hei an do an der Beetebuerger Gemeng fonnt huet. Tëscht Januar a Mäerz war hatt ronderëm schnupperen a virwëtzen an huet dobäi munch gelunge Saachen erausfonnt.
Dauer: 45’
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: 4+


