Henri Losch

De Kregéiler

Deen Dag kregéilt hien net, dat kënnt nëmmen iwwert en, wann een em seng schéin Natur wëllt futti maachen.

 

Mir héieren amusant Geschichten, déi seng Déieren sech geleescht haten, sou ganz anescht, wéi dat, wat dir mat ären erlieft hutt. Mir gi mat him op Abenteuer an dat iewescht Éislek, jo, bis op deen héchste Punkt vun eisem Land, a fannen eng Spillsaach, wéi et haut wuel keng méi ze fanne gëtt.

 

Duerno a säi Weekendhaus, wou em Gedéisch iwwert de Wee leeft, déi déi wéinegst vun äis je gesinn hunn.

D’Judith Lecuit spillt dertëscht Melodien, déi zu de Geschichte passen, an et kann och mol sinn, datt der versicht sidd matzesangen, oder matzesummen.

Infos

Samschdeg | 28.04.2018 | 16.00 Auer

Entrée fräi

Foyer Sainte Elisabeth
4, rue de la Tannerie
L-3288 Bettembourg

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302