Am NATO-Hierschtmanöver ’68 Combat Readiness ass déi nei Lëtzebuerger Fräiwëllegenarméi mat dobäi. Dem Sergeant Majerus säi Grupp huet eng mission de contre-infiltration tëschent Iechternach a Rouspert.
De Kaperol Fréderic Peiffer gëtt ugeschoss. Dat misst onméiglech sinn, well an engem Manöver gëtt nëmme Markéierungsmunitioun ausgedeelt. De Fred huet awer ee richtege Projektil an d’Long kritt. Déi Iechternacher Gendaarme maachen hir Aarbecht grëndlech mat ausféierleche Protekoller. Knapps getippt an ënnerschriwwen, ginn se vum Geheimdéngscht konfiskéiert. Ee secret militaire wier de Grond. No etlechem hin an hir gëtt dann awer den Oberleutnant Fischbach vun der Sûreté mat der Enquête beoptragt. Wien huet geschoss a firwat mat schaarfer Munitioun? Et ass schwéier dorop ze äntwerten, wann iwwerall ofgeblockt gëtt an Gerüchter an d’Welt gesat ginn.