Eemol méi ass et derwäert, den Zuch ze huelen! Och dëst Joer verdeele mir, um Weltdag vum Buch, op der Beetebuerger Gare, dat beléifte Buch am Zuch, dat a kenger Sammlung vu Luxemburgensia feelen däerf. An nieft dem Buch, vrum oder nom Zuch, och e Kaffi an e Stéck… Kuch, oder op d’mannst awer e klengt Gebäcks.
A wann Dir wëllt, liese mir Iech gär en Text vir – an Dir kënnt och selwer ee virliesen.



