Alain Atten

Alle véierzéin

„Alle véierzéin“ heescht dem Alain Atten seng nei Novell, déi vum Luana Maggipinto illustréiert gouf a fir déi den Tom Poull d’Fotoe gemaach huet. De Layout ass vum Tom Schartz vu Presss. „Alle véierzéin“ ass de sechste Band an der Serie „Kremart Kanephora“, der neier Bibliothéik vu Kremart Editioun, an deen éischten an enger Lëtzebuerger Mondaart, nämlech an der Miseler Sprooch!

 

Wat d’Jeanne d’Arc zu Bäerbrech (Bäerbuerg) mécht, dat weess seng Frëndin um Schlass an nach een, deen am Gaang ass, den Altor vun de véierzéin Nouthelfer ze schnëppelen. De Sproochmates kiert all d’Spläiteren zesummen, déi dobäi ewechfueren. Seng Zäitrees geet vun der Meuse bis op d’Musel (1425-1436). Si bleift an der Sprooch vun der Géigend: Déi Novell hei vum Alain Atten huet Miseler Sprooch!

Infos

Méindeg | 23.04.2018 | 20.00 Auer

Fräien Entrée

Café littéraire
37, route d’Esch
L-3230 Bettembourg

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302