Final vun der Alterskategorie 18 bis 26 Joer
mat Live-Liesungen a Remise des Prix
Dëst Joer ass schonn déi 4. Editioun vum Prix Laurence, dem Jugend-Literatur-Präis fir all jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer vu Lëtzebuerg an aus der Grouss-Regioun – an alle Sproochen, déi hei geleefeg sinn.
Erlieft d’Finalisten fir de Prix Laurence bei hire Live-Liesungen, déi vläicht den Ufank vun enger literarescher Carrière sinn. An ënnerstëtzt Är Favoriten andeems Dir beim Prix du Public matmaacht. Dir sidd all häerzlech wëllkomm!
De Jury
Vesna Andonovic, Martine Forty, Christiane Kremer, Jérôme Jaminet, Thomas Schoos a Pit Hoerold.