Prix Laurence

12 bis 17 Joer

Final vun der Alterskategorie 12 bis 17 Joer
mat Live-Liesungen a Remise des Prix

Dëst Joer ass schonn déi 4. Editioun vum Prix Laurence, dem Jugend-Literatur-Präis fir all jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer vu Lëtzebuerg an aus der Grouss-Regioun – an alle Sproochen, déi hei geleefeg sinn.

 

Erlieft d’Finalisten fir de Prix Laurence bei hire Live-Liesungen, déi vläicht den Ufank vun enger literarescher Carrière sinn. An ënnerstëtzt Är Favoriten andeems Dir beim Prix du Public matmaacht. Dir sidd all häerzlech wëllkomm!

 

De Jury
Vesna Andonovic, Martine Forty, Christiane Kremer, Jérôme Jaminet, Thomas Schoos a Pit Hoerold.

All d’Auteuren an hir Texter a weider Infos op:

www.prixlaurence.lu

Infos

Samschdeg | 21.04.2018 | 14.30 Auer

Fräien Entrée

Café littéraire
37, route d’Esch
L-3230 Bettembourg

Parking

Am beschten op der Kiercheplaz oder bei der Gare

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302