Beetebuerg, wéi bass du haut, wéi bass du mar, wéi waars du gëscht? E kulturellen Owend fir d’Leit aus der Beetebuerger Gemeng an all Frënn vu Beetebuerg – als flotten Optakt vum LiteraTour 2018! Mat dem Vernissage vun der Foto-Expo „Beetebuerg erliewen“, Presentatioun vu 4 rezente Bicher a mat Liesungen vun de Beetebuerger Geschichtsfrënn an den Auteuren Luisa Bevilacqua, Pit Hoerold an Nicolas Calmes (Laureat vum Prix Laurence 2017).
An hei déi 4 nei Publikatiounen, déi Dir deen Owend och op der Plaz kritt:
Beetebuerg erliewen Tom Wagner (Fotoen), Pit Hoerold (Texter)
Beetebuerg erzielt Luisa Bevilacqua
Beetebuerg am Laf vun der Zäit (Band 7) Beetebuerger Geschichtsfrënn
Prix Laurence d’Anthologie mat de Finalisten a Laureaten vun 2017