1953 zu Déifferdeng gebuer, huet zu Saarbrécken, zu Wien an zu Berlin Literatur an Theater studéiert, huet bis 1999 zu Paräis gelieft, ass elo rëm zu Lëtzebuerg. Hie schreift op däitsch an op lëtzebuergesch, huet Gedichter, Theaterstécker, Erzielungen, Libretti fir Operen a Romaner publizéiert.
2008 krut hie fir säi Gesamtwierk de Batty-Weber-Präis.
Zu senge rezente Wierker zielen: dow jones, Theater, 2010, pegel der gerechtigkeit, Theater, 2010, pink slip party, Theater, 2011, grenzfrequenz-ein flaneursdelikt (zesumme mam Martin Engler), Theater/Hörspiel, 2011, boulevard royal, Theater, 2012, zu schwankender zeit und an schwankendem ort, Theater, 2012, tout le monde t’écoute, Libretto, 2012, lëtzebuerger léiwen, Roman, 2013, ursprung, e Lyrik- a Konschtbuch (zesumme mam Bodo Korsig), 2013, abrasch, Lyrik, 2013 (Servais-Präis 2014), Autopsie, Roman, 2014.
