De Bustawe Bongert Beetebuerg

En ofwiesslungsräichen a spannenden Nomëtteg mat klengen, tapferen Helden aus der Déieren- a Fabelwelt

Animéiert vum Martine Schoellen, Luisa Bevilaqua, Simone Bleser a Joëlle Breisch-Peters.

 

D’Veranstaltung fënnt baussen an engem hëlzenen Chalet statt, dot Iech also adequat un.


 

D’Susi Jomes sicht e Kaddo

ass e Buch fir Kanner vun 3 bis 6 Joer. Et geet ëm’t eng kleng Seechomes, déi Gebuertsdag huet an net weess, wat si sech wënsche soll.

 

D’Simone Bleser huet dës kuerz Geschicht geschriwwen an d’Joëlle Breisch-Peters ass d’Illustratrice vum Buch.

 

An dëser Liesung liest d’Auteure de Kanner d’Buch vir an dono sollen dës aktiv mat agebonne ginn an d’Geschicht noerzielen. Op déi kleng Nolauschterer waart dann och eng Iwwerraschung: déi, déi wëllen, kréien e ganz besonneschen Entréesstempel  op d’Hand.

 

De Willi Weekelchen 

ass dat neit Kannerbuch vum Simone Bleser, illustréiert gouf dëst vum Tammy Faires-Back.

 

De Willi Weekelchen ass ganz traureg. Jidderee kann eppes, just hien net … mengt hien.

 

Bei dëser Liesung sollen d’Kanner mat dovun droen, dass jidderee Stäerkten a Schwächten huet. Nieft dem pädagogesche Wäert vum Buch, sollen d’Kanner awer och op all Säit eppes entdecken.

 

D’Buch gëtt vun der Schrëftstellrin virgelies an dono mat de Kanner eng kleng Diskussioun lancéiert.

 

De klengen Draach ZOG 

D’Martine Schoellen erzielt aus den Abenteuer vum klengen Draach ZOG.

 

Et gëtt ganz schéi spannend, net nëmme begéint dir villen Draachen, enger Prinzessin an engem Ritter, mä och – wéi sech dat fir eng opreegend Geschicht gehéiert – engem Einhorn, engem kranke Léiw an enger Joffer aus dem Mier … D’Geschichte vum ZOG a vum ZOG AN D’DOKTEREN AUS DER LOFT gi mat engem „Kamishibai“ virgedroen – si stamen aus der Fieder vum Auteuren-Bestseller-Team Axel Scheffler a Julia Donaldson a goufe vum Martine Schoellen op Lëtzebuergesch iwwersat.

 

Op der Spuer vun…
Ass et e Fuuss oder e Kaweechelchen? Villäicht eng Eil? Ganz sécher e Bier!

 

Oder?! Wiem seng Spuere sinn et déi duerch de Bësch spadséieren?

 

Villäicht fanne mir dat eraus, wann mir als éischt de Spuere vun de Geschichten noginn.

 

Also dann, Ae gutt op an Ouere spëtzen!

INFO

23.04.2017

14.00 – 17.00 Auer


Bongert Altenhoven

route de Mondorf L-3260 Bettembourg


Treffpunkt 13.45 Auer

Parking vum Fussballsterrain, route de Mondorf

Entrée fräi

An Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum sozialen Zesummenhalt.

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302