E Buch am Zuch

A ... Gare à la Littérature ... :-)

Eemol méi ass et derwäert, den Zuch ze huelen!

 

Och dëst Joer verdeele mir, um Weltdag vum Buch, op der Beetebuerger Gare, dat beléifte Buch am Zuch, dat a kenger Sammlung vu Luxemburgensia feelen däerf.

 

An nieft dem Buch, vrum oder nom Zuch, och e Kaffi an e Stéck… Kuch, oder op d’mannst awer e klengt Gebäcks.

 

A wann Dir wëllt, liese mir Iech gär en Text vir – an Dir kënnt och selwer ee virliesen.

 

Dësen äussergewéinleche literaresche Moien gëtt am Zuch an och op eiser Gare mat Live-Liesungen vum Ensemble Cie Théâtre A DIRE vun Thionville (Diddenhuewen) animéiert.

À ne pas manquer!

INFO

Dënschdes, 23. Abrëll
vun 06.30 bis 09.00 Auer

op der Beetebuerger Gare

INTERNATIONALEN DAG VUM BUCH!

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302