Den Nico Helminger liest Flakka an aner Erzielungen

1953 zu Déifferdeng gebuer, huet zu Saarbrécken, zu Wien an zu Berlin Literatur an Theater studéiert, huet bis 1999 zu Paräis gelieft, ass elo rëm zu Lëtzebuerg. Hie schreift op Däitsch an op Lëtzebuergesch, huet Gedichter, Theaterstécker, Erzielungen, Libretti fir Operen a Romaner publizéiert. 2008 krut hie fir säi Gesamtwierk de Batty-Weber-Präis.

 

Zu senge rezente Wierker zielen zu schwankender zeit und an schwankendem ort, Theater, 2012, tout le monde t’écoute, Libretto, 2012, lëtzebuerger léiwen, Roman, 2013, ursprung, e Lyrik- a Konschtbuch (zesumme mam Bodo Korsig), 2013, abrasch, Lyrik, 2013 (Servais-Präis 2014), Autopsie, Roman, 2014, Be our guests, Theater, 2015, Et le jour prend forme sous ton regard, Danztheater, 2016, Flakka, Erzielung, 2016, Aricia, Theater, 2017

INFO

24.04.2017

um 20.00 Auer


Café littéraire

37, route d’Esch L-3230 Bettembourg


Entrée fräi

Copyright Foto: Dirk Kirchberg, Hannover

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302