A Remise des Prix: Prix Laurence a Prix du Public.
De Prix Laurence ass dee Jugend-Literatur- Präis fir all jonk Talenter tëscht 12 a 26 Joer. E gëtt zënter 2015 vun der Gemeng Beetebuerg am Cader vum LiteraTour organiséiert an huet all Joer e grousse Succès. Dëst Joer feiere mir schonns déi 5. Editioun. E grousse Merci un all déi jonk Auteuren, déi bis elo matgemaach hunn.
Dëst Joer waren et:72 jonk Schrëftstellerinnen/ Schrëftsteller mat 134 Texter.
Fir déi 5. Editioun gëtt et och de Prix spécial MJC/Jugendhaus. Loosst Iech iwwerraschen.
Moderatioun vun deene 2 Finallen: Christine Mandy.
All d’Auteuren, vun deene 5 Editiounen (2015-2019), fannt Dir mat hiren Texter op: www.prixlaurence.lu
Dir sidd all häerzlech wëllkomm!
INFO
Samschdes, de 27. Abrëll
um 14.30 Auer
am Café littéraire
37, route d’Esch
L-3230 Bettembourg
Parking: Op der Kiercheplaz oder, am beschten, bei der Gare
Klenge Maufel op der Plaz
Fräien Entrée
Kontakt
Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302