Mir hunn eng flott, villsäiteg jonk Literatur.
Mat Auteuren, op déi mir elo schonn houfreg si kënnen.
An déi hire Wee goe wäerten.
D’Talent bréngt et.
Dëst Joer ass schonn déi 6. Editioun vum Prix Laurence, dem Jugend-Literatur-Präis fir all jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer vu
Lëtzebuerg an aus der Grouss-Regioun – an
alle Sproochen, déi hei geleefeg sinn.
Erlieft d’Finalisten fir de Prix Laurence bei hire Live-Liesungen, déi vläicht den Ufank vun enger literarescher Carrière sinn.
An ënnerstëtzt Är Favoriten, andeems Dir beim Prix du Public
matmaacht.
De Jury: Vesna Andonovic,
Martine Forty, Christiane Kremer,
Jérôme Jaminet, Thomas Schoos
a Pit Hoerold.
All d’Auteuren an hir Texter a weider
Infos op: www.prixlaurence.lu
