KALEIDOSKOP THEATER

DEI ANER HALSCHEND vum Jean-Paul Maes

Den Hengen wëll séch op enger entleener Plaatz, do wou hie méngt vu kengem gestéiert ze ginn, erhänken. Hien huet de Strack ewell ëmt den Hals, ass kuerz virdrun de Stillchen op deem hie steet, ëmzestoussen, do kënnt den Demi getierkelt a fällt net wäit vum Galgen ewech bonz ënne bonz uewen op de Buedem, blieft do, ouni nach en Zeeche vun sech ze ginn, leien wat den Hengen aus dem Konzept bréngt. Hien deet d’Schléngt nees aus, geet virsichteg bei den Demi kucken, wat mat deem lass ass, ob en iwwerhaapt nach lieft. No giedeleschem Rëselen geléngt et endlech den Demi erëm zou séch ze kréien, deen awer prompt behaapt den Hengen hätt hie geschloen a séch duerfir eng finaziell Entschiedegung ausrechend. Nodeems hien awer de Strack erbléickst huet, kënnt him nach eng aner Iddi; de Suicide vum Hengen ze filmen an dee Film an den Internet ze setzen fir domat, wéi hie seet, op ee Coup räich an den Hengen weltberühmt ze ginn.

 

Natierlech ass den Hengen mat deem Plang net d’accord, gesäit awer an, datt et ganz schwéier, wa net onméiglech gëtt, dem Demi sénger lass ze ginn. Den Demi verfänkt hien ëmmer méi a Gespréicher iwwert Sënn an Onsënn vum Liewen, léisst dobäi awer kee Moment vu séngem Projet vum filmen lass.

 

Den Hengen wëll séch eng aner Plaatz sichen, fir séch ze erhänken, wat den Demi net zouléist. Leschtenenns identifizéiert séch den Demi, als deen Halwen, deem séng aner Halschend eventuell den Hengen kéint sinn, wat dee séch zwar ganz schlecht ka virstellen, well hie séng aner Halschend net an engem Strummert erëmfanne wëllt. Et kënnt zu engem Sträit an deem den Hengen dann den Demi wierklech schléit, deen nees, wéi am Ufank, keen Zeeche méi vu séch gëtt.

 

Elo ass den Hengen, dee sech jo nëmmen an aller Gemittsrou erhänke wollt, komplett verluer. Hie leeft fort, kënnt erëm, leeft nees fort a fënnt op eng Kéier den Demi net méi op däer Plaatz, mee d’Tammy, ee jonkt ënnererniertend Meedchen, wat déi zwéin Aerm opgeritz huet, permanent vu sénger Angscht ze déick ze sinn, sénger Carrière als Model a séngem Virbild Heidi Klumm schwetzt.

 

Den Hengen weess net, wien hatt ass, och net a wat fir engem Bezuch hatt zum Demi steet an am Fong och net, wien den Demi ass … dee jo behaapt, séng aner Halschend ze sinn.

 

Firwat wollt den Hengen séch ëmbréngen? Wien ass hien iwwerhaapt? Weess hien et da selwer? An ass hien och deen, fir deen hie séch hält, bis elo gehaalen huet?

 

A séngem neiste Stéick gehäit de Jean-Paul Maes dräi suspekt Personagen openeen, léisst se allen dräi net méi aus de Fäng vun deenen aneren eraus, wat zu enger spannender Geschicht féiert. An zu der Fro: firwat séch ëmbréngen?

 

Regie: Eva Paulin – mat: Jean-Paul Maes – Jean-Paul Raths – Larisa Faber

Horaire

Première den Mëttwoch, 13. Abrëll um 20.00 Auer

Weider Viirstellungen:

Dënschdeg, den 19. Abrëll um 20.00 Auer

Sonndes, den 24. Abrëll um 17.30 Auer

Am Beetebuerger Schlass, 13, rue du château, L-3217 Bettembourg

Ticketverkaf: www.kaleidoskop.lu/?page_id=65

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302