(An enger Live-Direktschaltung aus dem Café littéraire) Krimi-Theater mat einfachste Mëttelen, gespillt a gelies vun der Kompanie Schoos & Schoos.
Mee 1973 – … Si haten den Auto beim Priedegtstull geparkt a waren ënnerwee op Bäerdref. Do wollten si an engem Hotel zu Mëtteg iessen. Mee den Appetit sollt der Stater Koppel verduerwe ginn, well si op hirem Wee eng Läich
fonnt hunn. Ee Mann war vun engem Fiels erof gefall. Si woussten, dass de Camping net wäit ewech louch an do war eng Buvette mat engem Telefon.
D’Gendaarme vun Iechternach waren schnell op der Plaz. Et wollt keen esou richteg gleewen, dass een Tourist een Accident soll gehat hunn. De Mann war net gekleet, fir en Tour an der klenger Schwäiz ze maachen. Hien hat guer
näischt an den Täschen, mee dofir eng Bëls hannen um Kapp.
Sidd live mat dobäi, wann de berühmten Enquéteur Fischbach a seng Ermëttler vun der Sûreté de verschiddene Piste noginn fir dem Iwweltäter op d’Spur ze kommen.
E Krimi-Spill vum Auteur Jean Schoos mam Auteur Thomas Schoos an diverse Rollen, ënnert anerem där vum Kapitän Fischbach. Ënnermolt mat feinster Musek, ënnermauert mat Iessen a Gedrénks aus der Bar.
En Owend mat schwarzem Humor fir déi gro Zellen an e bessi Geschicht a roud-wäiss-blo.
