Mord op Ordonnance

aus der Fieder vum Christiane Kremer

Gespillt vun der Beetebuerger Theaterfrënn a.s.b.l. Vanessa Dennenwald, Cyril Gros, Roland Gut, Julie Kayser, Guy Langers, Alain Liltz, Jemp Mallinger, Michèle Schneider, Vanessa Specogna, Sylvie Ewen, Alex Carvalho.

 

De Prof. Dr. Dr. Gabriel Martin invitéiert op säi 50. Gebuertsdag. Dofi r luet hie seng Famill, Frënn, Perséinlechkeeten an och Iech op e grousst Festiessen an. Leider verleeft den Owend net wéi geplangt, well et geschitt e Mord. Fir d’Opkläerung vun dësem mäerdereschen Owend si mir op Äer Hëllef ugewisen!

INFO

Freides, de 26. a samschdes, de 27. Abrëll
Apéro 18.30 Auer / Opféierung 19.30 Auer
Beetebuerger Sportshal

Reservatioun ënnert 621 798 884

De Präis 60 €
(Entréesticket, 4-Gäng-Menü an 1 Gedrénks beim Apéro)

Virverkaf bis den 19.04. tëschend 16 an 19 Auer

Kontonummer BCEE LU60 0019 XXXX 1265 4000
(déi feelend 4 Zifferen kréien d’Leit bei der Umeldung um Telefon matgedeelt)

D’Iwwerweisung ass déi definitiv Umeldung

Weider Detailer gi per Invitatioun zougeschéckt, wann d’Iwwerweisung do ass

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302