On The Road

D’Literatur geet op d’Strooss!

En Dag wéi keen aneren, ganz am Zeeche vum Buch, dem Auteur an Iech, de Lieser/innen. An Zesummenaarbecht mat der Fédération des Éditeurs. Mat ville Bicherstänn an a Präsenz vu ville bekannte Lëtzebuerger Auteuren. Eng Geleeënheet, fi r se kennen ze léieren. An Är Bicher signéieren ze loossen.

 

Mat Liesungen op der Strooss an am Retrobus. A vill Animatioun a Musek!
An dëst Joer och mam RallyteraTour.

 

Fir… Liesen a Gedrénks ass gutt gesuergt.
A fir Iessen och!

Programme
• Second Chance Maart
Librairien an Editeure ginn de Bicher an de Lieser eng 2. Chance fi r sech endlech ze begéinen.
• D’Editioune präsentéieren hir nei Bicher
• Liesungen

 

Erwuesseliteratur
14:00 Gast Groeber / Op der Lay
14:30 Anja di Bartolomeo / Op der Lay
17:30 Marc Graas / Editions Saint-Paul
18:00 Fernand Zeimes / Self publishing
18:30 Claudine Muno / Op der Lay

 

Kannerliteratur
15:00 Sylvie Collignon / Luxart (4+)
15:30 Christiane Grün / Editions Saint-Paul (10+)
17:00 Roland Meyer / Op der Lay (6+)

 

• Concert vun der Harmonie Municipale Beetebuerg um 16:00 Auer
• Face Painting
• Iessen & Gedrénks vun 12 Auer un op der Strooss
• Départ vum RallyteraTour 2019 um 13:30 Auer: e literaresche Krimirallye duerch Beetebuerg. Obligatoresch Aschreiwung iwwert educateurs@mjcbettembourg.lu oder 621 144 230 / 51 80 80 219

INFO

Sonndes, de 5. Mee
vun 12 bis 20 Auer

an der Garer Strooss

Deen Dag just Foussgänger-Zon!

Méi Informatioun iwwert de Rallye

rallyteratour

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302