Queesch derduerch

En Owend fir de Josy Braun (1938-2012)

Journalist, Kabarettist, Linguist, Schrëftsteller an (och) Beetebuerger

 

De Josy Braun war ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren an huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretsprogrammer, Gedichter an Héierspiller.

 

Wéi aktuell vill vu senge Schrëften haut nach ëmmer sinn, weist e literareschen Owend mat Lidder an Texter, Erënnerungen an Erzielungen.

 

Mat: Monique Melsen, Josée Klincker, Christiane Kremer, Roland Gelhausen a Gérard Bintener.

INFO

Dënschdes, den 23. Abrëll
um 20.00 Auer

 

Café littéraire
37, route d’Esch
L-3230 Bettembourg

Klenge Maufel op der Plaz
Fräien Entrée

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302