Sorry fir deen Duercherneen!

2016 ënner d'satiresch Lupp geholl

Et ass eng ofwiesslungsräich, kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2016 national an international geschitt ass. De Jhemp Hoscheit – zesumme mam Jules Arpetti – maachen e polit-satiresche Réckbléck, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Commentären. Et ass eng Liesung wéi aus engem Roman. Aus engem Goss. Et ass awer keng Fiktioun, mee d’Realitéit. Mount fir Mount. An och wann d’Aktualitéit net ëmmer lëschteg war, gëtt se mat Humor an Ironie op d’Schëpp geholl. Et si keng eenzel Zeenen, keng Sketcher, mee et ass en zesummenhängenden Text, deen am Duo – Jules a Jhemp – a Form vun engem flotte Rollespill opgefouert gëtt. Dee satiresche Spaass gëtt mat musikaleschen Intermezzi vum Jules Arpetti opgelackert.

 

De Jhemp Hoscheit, deen Enn vun den 80er Jore mam Jemp Schuster als J(h)emp2 opgetratt ass, an de leschte Jore mat senge Romaner mam Jules Arpetti op véier Liestournéeë war a fir déi lescht véier Cabarenert-Programmer matgeschriwwen huet, huet elo fir d’éischt e ganze Cabaretprogramm geschriwwen, dee mat groussem Publikumserfolleg op d’Tournée ass.

INFO

28.04.2017

um 20.00 Auer


Beetebuerger Schlass

13, rue du château L-3217 Bettembourg


Text Jhemp Hoscheit

mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit


Entrée fräi

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302