Sympathesch Kauzen

Liesung mam Henri Losch

„Wat e komesche Kauz“ hutt Der scho vun deem engen oder deem anere gesot. Där sinn dem Henri Losch a sengem laange Liewen eng Hällewull iwwert de Wee gelaf
a sinn em gutt an Erënnerung bliwwen. Hien huet awer fonnt, datt all déi Kauzen, nieft hirer Drolegkeet, mat Zäiten och sympathesch konnte sinn. Nobäi véierzeg där Fraen a Männer huet en a sengem neie Buch veréiwegt, a vun deene wëllt en äis der e puer a senger Liesung virstellen.

 

En deet äis schmunzelen, mat Kéiere gutt laachen, an et ass och net verbueden nodenklech ze ginn.

 

Wéi schonn sou dacks, suergt d’Judith Lecuit och dës Kéier mat sengem Cello fir eng musikalesch Atmosphär, déi sou richteg zu dëse schrullege Leit passt.

 

A wa mer d’Texter vun de Lidder nach kennen, sange mer mat.

INFO

Samschdes, de 27. Abrëll
um 16.00 Auer

Foyer Sainte Elisabeth
4, rue de la Tannerie
L-3288 Bettembourg

Fräien Entrée

Foto © Heiko Riemann (Binsfeld)

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302