D’Beetebuerger Theaterfrënn a.s.b.l. invitéiert op en Theaterowend mat Hameschmier! Gespillt gëtt den 1-Akter „Zwee ass een zevill“
ënnert der Regie vum Annette Schneider a Roland Gut. Et spille fir Iech: Roland Gut, Guy Langers, Anny Milmeister, Roland Nerini a Vanessa Specogna.
Eise Special-Guest ass d’Jugendequipe vun den Theaterfrënn ‘93 vu Jonglënster. Si spille fir Iech den 1-Akter „Sixpack am Lotto“. Erlieft e flotten Owend zerwéiert mat enger gudder Hameschmier!
