Veräppelt!

Vun a mam Betsy Dentzer

Nee, keng Angscht, dir gitt hei net ugeschmiert… Am Géigendeel, dir kritt esouguer eppes geschenkt!

 

Passend zu der Emgéigend gëtt et nämlech e puer fruuchteg Wieder op d’Oueren, Geschichten iwwer Äppel a Bieren! Nee Nee, kee Rezept fir Uebstzalot, mee richteg spannend, geféierlech, witzeg, verzauberten Abenteuer, an deenen d’Friischten, déi och am Bongert wuessen, eng grouß Roll spillen.

 

Ma net nëmmen d’Oueren, mee och är Hänn kréien eppes ze schaffen. An engem klengen Atelier tëscht de Geschichten bastele mir zesummen.

 

Wat gene mir do kniwwelen, gëtt nach net verroden, mee et sief vläit just dëst gesot: dono kënne mir domadder all zesummen weider erzielen an d’Geschichten nach méi spannend maachen!

 

No der Erzielung invitéieren mir d’Kanner op ee klengen Mol- a Bastelatelier.

INFO

Sonndes, den 28. Abrëll
14.30 – 16.30 Auer

Bongert Altenhoven
Treffpunkt um 14.15 Auer
um Parking vum Fussballsterrain
Route de Mondorf

Fräien Entrée

Dauer: 45’
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: 4+

A Mataarbecht mam Service à l’égalité des chances

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302