Les trésors de la bande dessinée

Charles Bauer - collectionneur

Alles huet beim Charel Bauer (1953 am Rollengergronn gebuer) ugefaang, wei hien sengem Papp seng Sammlung vu Bandes Dessinéeën, vun 1934 un, um Späicher entdeckt huet.

 

Et war eng grouss Freed, an de Charel huet dono seng Passioun entwéckelt, fir weider ze sammelen. An déi ass him bis haut erhale bliwwen.

 

Seng Sammlung ass ëmmer méi grouss ginn. Am Laf vu 60 Joer, duerch Frënn a Bekannten, déi dem Charel alles zougespillt hunn, wat si esou fonnt hunn.

 

An och duerch d’Famill. An de 70er Joren ass de Charel op Festivaller an d’Ausland gaang, fir do seng Collectioun ze komplettéieren – déi huet net nëmmen u Quantitéit, mee och u Qualitéit zougeholl.

 

An et ass och net just bei de Bicher bliwwen. Et koumen nach Büsten, Mannequinen an villes méi derbei. Haut ass de Charel Bauer net nëmme Collectionneur, hien ass och ganz kreativ a mécht all seng Maquetten selwer. Zënter 1994 ass hie mat sengem Material e wichtegen Deel vum «Festival de la Bande dessinée» zu Contern. Fir de 25. Anniversaire vun deem
Festival huet de Charel seng eegen Ausstellung krut. Haut ass hie frou hei zu Beetebuerg, an der Galerie Maggy Stein, seng Wierker ausstellen ze kënnen.
Am Kader vum Festival LiteraTour.

INFO

Exposition
25 avril – 5 mai de 14h00 à 18h00
Galerie d’art Maggy Stein
13, rue du château
L-3217 Bettembourg

 

Vernissage
Mercredi, 24 avril à 18h30

 

Visite guidée
le 5 mai à 15h00
Inscription souhaitée rp@bettembourg.lu | 51 80 80 899


Foto © Alex Kloos

Kontakt


Patrick HURT - Service des relations publiques
patrick.hurt@bettembourg.lu | T +352 51 80 80 302