De Julien traut séngen Aë net, wéihien am séngem Living eng Fraëläich
fënnt.
Wéi kënnt déi dohinner? D’Terassendir wor ee klenge Spléick op. Et muss een him së erageluecht hunn. Vläicht ass se vum Himmel gefall? Hie rifft séng Ex un, well hie sech soss kee Rot méi weess. Awer d’Jessica ass guer net enchantéiert iwwert deen Tëlëfon. Et dauert net laang a si hu séch, wéi ëmmer, an den Hoer, wéinst Banalitéiten, wat zum Beispill d’Kanner ugeet. Al Reproche komme nees op, well d’Jessica deemols mam Jean-François, dem Julien séngem Noper, eppes ugefaangen haat. Dobäi wollt de Julien guer net doriwwer schwetzen, mee just ee gudde Rot kréien, wat hie mat där Läich maache soll. Op Nofro vum Jessica stellt hie fest, datt et séch ëmt wuel eng Muslemin handelt, wahrschscheinlech ë Flüchtling. Schlussendlech proposéiert d’Jessica him, së einfach vun der Terrasse ze geheien. Hie kéint jo de Jean-François ëm Hëllef froen.
Dem Jean-François säi Liewen dréit séch ëm Geld, Alkohol a Sex. Hie fënnt déi nordafrikanesch Läich zimlech erotesch, bedauert, datt si dout ass, kéint séch awer nach mat hier ee gewëssenen Ritual virstellen … do geschitt eppes ganz Onerwartenes …
Den Tulio Forgiarini huet eng béis a sarkastesch Comédie geschriwwen. Mat vill Witz, vill Humor, dee séch och alt plaatzeweis zimlech schwaarz weist, gëtt eng Liewesform am Wuelstand, mat de Problemer, déi dësen och mat séch brénge kann, géint déi an der Nout vun Flüchtlinge gewissen.
