Fir Iech d’Literatur an de LiteraTour nach méi nozebréngen, komme mir bei Iech, wou Dir grad sidd – beim Akafen, beim Patt oder beim Flanéieren!
Erlieft e flotte literareschen Nomëtteg mat Liesungen, Stroossen-Theater, Musek, vill Animatioun an dem LiteraTour-Stand matzen an der Geschäftswelt um « Chantier » 🙂
Wéi de Chantier e Work in Progess ass fir de Fortschrëtt a méi Liewensqualitéit, esou sinn dat och d’Literatur an de LiteraTour – d’Liesen mécht d’Liewen och méi schéin!
Dir kënnt och virliesen – bréngt e Buch mat.
Et maache mat
- de Beetebuerger Geschäftsverband U.A.C.B. (Union Artisanale et Commerciale de Bettembourg) an d’Geschäfter : Fleurs Silvia, Optik Hoffmann an Dream Bike Shop
- d’Lëtzebuerger Bicherediteuren mat engen Choix vu flotte lëtzebuerger Bicher, ze fannen an der Brasserie du Centenaire
- verschidden Auteuren – mat Texter, « déi och nach am
Chantier sinn » - de Kaleidoskop: Acteuren presentéieren Extraiten aus hirem Programme, spillen Texter/kleng Theater-Szenen
- d’Kanner-Chorale „Les Enfants de l’Alzette“
- … an all Beetebuerger Leit, déi e flotte positive Beitrag leeschte wëllen!

