E Bouf erzielt
Et sinn d’Erënnerunge vun engem klenge Student un déi lescht Deeg vum Krich, dee grousse Moment, wéi d’Preisen sech erginn hunn, an déi Wochen duerno,
wou nach sou munches op der Kopp louch a wou et geheescht huet : « D’Ärem ropstrëppen an nei ufänken ! »
Geschichten, bei deenen een, trotz deem eeschte Sujet, schmunzelen, wann net souguer häerzhaft laache kann.
An um Enn mécht hien sech sou seng Gedanken iwwert dat, wat en als Kand an als klenge Student erlieft hat a bei deem en net méi domm gouf.
Henri Losch, 1931 zu Dikrech gebuer. Linguist, Kannerbuch- an Dréibuchauteur, Iwwersetzer an Erzieler. Hien ass och als Theater- a Filmschauspiller ervirgetrueden.
D’ Liesung gëtt moderéiert vum Jean-Claude MAJERUS, Kultur-Journalist beim radio 100,7.
© 2014 Commune de Bettembourg - Website by GECKO.lu