Lecture vum Georges Hausemer (geb. 1957), engem renomméierte Lëtzebuerger Auteur.
(e. a. Der Suppenfisch. Roman, 2014) an Iwwersetzer, deen och ënnert dem Pseudonym Theo Selmer publizéiert.
Texter international: op Lëtzebuergesch an op Däitsch. Geschichte vun heiheem, aus der Friemt a vun ënnerwee. Fir grouss an nach méi grouss Lieser an Nolauschterer. Scho Publizéiertes, awer och Fuschneies, dat nach no Dréckerschwäerz richt a wou aus de Säiten esouguer nach Mierwaasser a Sandkäere gelaf kommen, vläicht esouguer eng kleng Drëps Blutt.
Lecture par l’auteur et traducteur luxembourgeois renommé Georges Hausemer (né en 1957)
© 2014 Commune de Bettembourg - Website by GECKO.lu