E klenge « literaresche » Vëlostour an e puer Etappen duerch Beetebuerg:
Départ op der Kiercheplaz, vun do am Peloton op den Äppelbierg (Panorama-Vü op d’Gemeng), da laanscht d’Eisebunn bei de Jacquinotspark, dee fréiere Site vun der Zillefabrik, dono iwwert d’Sonnenallee (mat Respekt op ’Foussgänger) bei de Waassertuerm, a vun do, mat oder ouni Échappée, bis an deen « ale Paschtouesch-Eck », an zum Schluss e klenge Sprint bis op ’Arrivée...am « Café Littéraire » (Jugendhaus). Op all Etapp e klenge literaresche Bléck vum Pit Hoerold op Beetebuerg vun de 60er Joren bis haut.
PS. E flaachen Tour, ouni vill Koppen. A fir d’Sécherheet suergt d’« Commission de la Mobilité ». Ideal also fir d’ganz Famill, vu 7 bis 77 Joer.
© 2014 Commune de Bettembourg - Website by GECKO.lu