Wéi vill Auer ass et ?
Zäit iwwert Zäit ze schwätzen:
Eng Sekonn, ee Moment.
Eng Minutt, 60 Momenter.
Eng Stonn, 3.600 Momenter.
Een Dag? Dat sinn 86.400 Momenter.
Iwwer 30 Millioune Momenter an engem Joer.
A wann ech bedenken, wéi séier all déi Momenter verginn, da muss ech mer wierklech agestoen: 30 Millioune sinn eigentlech guer net sou vill… Wieren 30 Milliounen awer nëmme gutt op mengem Konto.
Ee Joer…
Zimmlech kuerz, oder? Oder?
Net ganz. Well dee Point de vue ass jo e bëssen egoistesch.
Ech sinn dach net den eenzege Mënsch op dësem Planéit.
Nee, nee. Eng Sekonn sinn 8 Milliarde Momenter.
8 Milliarde Momenter – dat sinn 253 Joer, déi all Sekonn verginn!
Dat heescht, ee Mënsch gëtt kollektiv gesinn nëmmen 0,4 Sekonnen al.
0,4 Sekonnen – fir ze liewen, fir sech ze verléiwen, fir ze dreemen an fir eng Spuer ze hannerloossen.
Wat eng Ironie.
Eng Sekonn – sou vill Zäit an dach sou wéineg.
Ee Liewen – sou laang an dach esou kuerz.
Een Universum, dat 13 Milliarde Joer al ass.
Oder an anere Wierder: 2 Joer aktuell Populatioun al.
Am Fong, bal wéi gëschter.
Wat en abstrakte Verglach.
An immense Quantitéiten ass Zäit einfach net gräifbar.
Wat awer glaskloer ass:
Zäit ass relativ! Merci, Einstein!
Mee da kucken ech owes an e stärekloren Himmel,
Gezeechent vun enger Schnëpp,
An ech wënsche mir, ech hätt méi Zäit.
An dat, obwuel ech nach e ganzt Liewe viru mir hunn.
D’Ironie vum Liewen.
Mee ëmmer méi fillt sech e Gebuertsdag u wéi eng Schléng ëm den Hals – an all Joer gëtt se méi enk.
E Messer op der Strass hëlt mir d’Loft, léisst d’Oderen afréieren an mechsou kleng fillen.
Well nach gëschter war ech jonk, an Zäit war onendlech.
Dreemen an Entdecke stoungen um Plang vum Dag.
De Kleeschen huet och ëmmer op sech waarde gelooss, an ofgesi vun him,
Kee Grond, no vir oder no hannen ze kucken.
Ech huelen un, dat ass wat d’Leit ëmmer gemengt hunn, wann se gesot hunn:
« Kanner sinn ouni Suergen. »
Wéi d’Elteren nach alles wossten, an egal wat ee gemaach huet – et war ëmmer alles super.
Frëndschaften ze schléissen, e Spill, genau wéi d’ Liewen.
Jo, et wollt een d’Welt.
Et wollt een hei an do, den Hond, d’Frëndin,
An als et sou wäit war,
An een iwwer den Tellerrand kucke konnt,
Jo, do war een ongedëlleg op d’Zukunft:
Eng ganz Welt ze erueweren, vill Victoiren am Bléck.
Zäit, fir e Plottwist…
Ech mengen, d’Zäit war den eigentleche Plottwist.
Den Hond, dee vun eis geet,
D’Rupture, déi d’Leed bréngt,
An et léiert een d’Defaite kennen.
Jo, den Här Zäit hëlt séier op –
An hien zéckt net, fir et ze weisen.
An ee Wimpernschlag méi spéit…
Ginn d’Aen op, an et ass een,
Wéi an der Sahara ausgekatzt a ausgesat.
Well erwuessen ze ginn,
Heescht ze gesinn.
Keen weess iwwerhaapt wéi, wou, wat.
E grousse Knuet.
Jidderee weess awer vum Austrëtt.
An op d’mannst, wann d’Liewen déi Éischt mat sech hëlt,
Den Krees méi kleng gëtt,
An de Moment kënnt,
Do wëll een nach eemol mat engem schwätzen, deen net méi do ass.
Do fält de Bléck zeréck an d’Vergaangenheet.
Op eng Zäit, ongräifbar wéi eng Méck am Summer.
An d’Tréine verlaangeren a wënschen:
« Hätt ech méi Zäit gehat… »
Méi Zäit… méi Zäit.
Alles, wat ech mer wënschen.
Fir d’Saache besser ze maachen.
Fir d’Momenter ze genéissen.
Fir déi Leit, déi mir no stinn,
Fir d’ Momenter fir déi den Dag einfach ze kuerz ass.
Méi Zäit… méi Zäit.
Wënschen ech mir.
Am Hannergrond d’Auer:
Tic Tac… Tic Tac…
An de Wecker schellt.
Du bass elo erwuessen.
Dat heescht:
Keng Zäit méi fir Spiller.
Well Zäit ass Suen.
Also keng Zäit fir ze dreemen.
Keng Zäit fir ze fillen.
Denk u Muer. Denk un deng Pensioun.
Well gëschter hues de se gehat,
Mee haut – keng Zäit méi fir Spiller.
Zäit.
Als ob ech muer scho pensionéiert wier…
Mee gëschter war ech nach jonk.
« Zäit vergeet », soen se.
Nee, soen ech.
Se leeft. Se rennt.
Se fléisst. Se flitt.
Wéi Goss op der Pedal
Acceleréiert non-stop.
An bleift een e Moment stoe –
Dréint sech d’ Welt weider.
A wärend den Drock op d’Broscht klëmmt,
Tëscht Schlof an Iessen,
Stau an Aarbecht,
Moies an Owes,
Huet d’Zäit eis scho laang iwwerholl,
An d’Jore mat sech geholl.
An dat ass d’Zäit.
D’Friktioun tëscht Zukunft a Vergaangenheet.
Wou alles zesummekënnt.
Déi ganz Geschicht.
Gëschter a Muer.
Well Muer och gläich Gëschter ass.
An esou tausche mir Zäit fir Suen a Sue fir eng gutt Zäit.
Mee wat ass dat ganzt wäert?
Eng gutt Erënnerung fir Muer?
Oder e gudden Dag fir Haut?
Zäit ass Wäertvoll.
Méi wéi d’Liewen, well Liewen ass Zäit.
A vläicht ass meng Zäit begrenzt.
Dofir maachen ech de Moment onendlech.
An op eemol ass et fënnef vir.
An et ass Zäit.
Zäit fir wackreg ze ginn
Zäit ze dreemen
Zäit sech ze verléiwen
Zäit eng Spuer ze hannerloossen
An Zäit…
Fir Iech Merci ze soen.
Merci fir Är…
Ech mengen, Dir wësst, wat gemengt ass.