De K-Check

D’Kanner aus den SEA-Strukture checke Beetebuerg

Si huelen iech mat op eng multimedial Rees duerch Beetebuerg op där si Märecherelementer
op eng sprëtzeg Aart a Weis mat de moderne Medie remixen an nei erfannen.
Op Papertales, Fotofilmer wou al Märercher als Virlag dingen, flott Audiomärercher oder e coole
Sprëch-Remix, fir jiddereen ass eppes derbäi.
« Knusper, Knusper Knäuschen, wer knabbert an meinem Häuschen? »
Déi verschiddene Projete ginn dem Public per QR-Code op de verschiddenste Plazen an eiser
Gemeng zougängleg gemaach. Einfach mat der Handykamera drophalen a schonns erlieft dir eng
vun eise coolen Aventuren 🙂

 

Medien AG 1 SEA Centre sportif
Little People Papertales-Fotoprojet

Wéi wier et, wann een e bemol ganz kléng wier?
Wéi géing sech onse Bléck ob Welt veränneren?
D‘ Kanner beschäftegen sech bei dësem Fotoprojet mat Mäerchenfiguren an -themen, si vermëschen awer och Iddie vun der Géigewaart mat dran, also quasi „remixen“ si dat ganzt ob hier eegen Aart a Weis.

Sou kënnen d Kanner sech mat alen an neie Géigestänn oder Kleedungsstécker andecken an sech esou zu engem eegene Mäerchencharakter verwandelen.

Bei engem Fotoshooting leieren d’ Kanner d’ Grondlage vun der Studiofotografie kennen a fotograféieren sech géigesäiteg.
Aus deene beschte Fotoe ginn da kleng Pappopsteller gebastelt, déi dann an enger Alldagsszene fotograféiert ginn oder si ginn digital ausgeschnidden an an een Hannergrond agefüügt.
D’ Illusioun vu klengen Helden an Heldinne fuerdert Kreativitéit a verschafft allen Kanner een néie Bléck ob Märercher an ons Welt.

Medien AG 2 SEA Sonnepavillon
Fantastesch Fotofilmer

An der Medien AG maache Kanner kleng Fotostory’en a kleng Fotofilmer.

Hei benotze mir lo Technik vum « 5-Sätz Märercher »:
Mat Hëllef vu Biller (Mäerchenfiguren a Géigestänn) a fënnef bestoend Handlungsofleef, kënne Kanner kreativ sinn a fantasievoll Geschichten erfannen.

Si kennen sech verkleeden an sech géigesäiteg fotograféieren, dono ginn hier Kreatiounen entweder als « Comic »(App Comic Life) oder als kleng Fotofilmer presentéiert.

Medien AG 2 SEA Al Gemeng
Nei Mäerche fir d Oueren!

Wat brauch een alles fir mat Kanner ee flott klengt Héierspill ze maachen?

An der Medien AG gi mir all zesummen dëser Fro ob de Gronn. Mir experimentéiere mat Téin, Wieder a Geräischer an entdecken dobäi ewéi ons Stëmmen sech mat Hëllef vu verschiddene Medien sou verwandele kënnen, dass ee mengt et wier een entweder ee Monster oder ee klengen Zwerg.

Jee no Alter vun de Kanner kënnen si entweder eng Spriecherroll iwwerhuelen oder passend Geräischer fir Héierspill zauberen.
Als Resultat solle Kanner een Héierspill zum Thema « Märercher » zesumme mat hiren Educateur/tricen ophuelen.

Medien AG 4 SEA Reboupavillon
Mäerchenzitater a Beweegung

Knusper, Kusper Knaischen, wien knabbert un mengem Haischen?

Dës Sätz an nach vill anerer kënne mir säit onser Kandheet aus Fabelen, Soen, Gedichter an Märercher.
Sinn dës Mäerchenzitater de Kanner hautdesdaags nach bekannt an wëssen si wouhier déi Spréch hierkommen?

An der Medien AG gi mir dëse Mäerchenzitater ob de Gronn an erwëschen se mat verschidden Apps, Bausteng Poppen a Spillfiguren zu engem neie Liewen. D Resultat soll ee flott Mäerchen-Quiz fir all ons Zuschauer ginn.

03_A_LABEL_PROJEKTLEITER_V1_CMYK_FR
Recent Comments
    Ads
    Event Search

    You should choose a search result page. You can choose the page from the Theme Options > Events > Event Search Results Page option.

    Latest Posts