Jidderee kennt wuel de bekanntsten Awunner vu Beetebuerg.
Hien ass bal 10 Meter grouss a wunnt am Märchepark.
Jo, genee, et ass de schlofende Ris. De Koloss mat der rouder Mutz, de laange, bronge Stiwwelen, dem hellbloe Pullover an der karéierter Box. Hien ass d‘Wahrzeechen vum „Parc Merveilleux“, deen 1955 opgaangen ass.
Ronderëm dëse markante Personnage ass de neie Comic „De Ris geet op d’Rees“ entstanen.
Pünktlech fir de LiteraTour 2022 huet d’Gemeng Beetebuerg, zesumme mam Texter Lucien Czuga an dem Zeechner Andy Genen de Ris op mysteriös Weis waakreg gemaach an hien op eng spannend Rees duerch d’ganz Gemeng Beetebuerg geschéckt. D’Lieser kënne sech op eng Geschicht voll Humor a lëschteg Personnage freeën.
D‘Storyboard gouf am Virfeld mat den Awunner vun der Gemeng entwéckelt.
Hei wollte mir wëssen:
- Wat gesinn d’Kanner an dem Personnage vum Ris?
- Wat verbannen déi Erwuesse mam Ris?
- Wat ass de geschichtlechen Hannergrond?
- Wat kéint de Ris am Comic undreiwen?
- Wéi eng Aventuren erlieft de Ris?