Den Henri Losch erzielt Seeërcher a Legenden

Am Summer2021 huet de kierzlech verstuerwenen Henri Losch am Optrag vun der Gemeng Beetebuerg an a Collaboratioun mat Atelier Paradiso asbl Erzielungen opgeholl.

Den Henri erzielt eis 7 Seeërcher a Legenden  aus dem lëtzebuerger Legendeschatz, déi ab dem 1. Mäerz 2022 op DVD erauskommen an no an no och als Internetlink dem breede Public wäerten zougänglech gemaach sinn.

Den Henri war ëmmer e sympatheschen an interessante Gaascht um LiteraTour an huet iwwert d’Jore vill Schoulklasse begeeschtert.

Dëse Projet ass deemno a virun allem e Kaddo vun der Gemeng Beetebuerger un all hir jonk Awunner esou ewéi un d’Schoul- a Betreiungsstrukturen an der Gemeng Beetebuerg.

Erzielt vum Henri Losch

Musek (Kompositioun & Cello) vum Judith Lecuit,

Opnahm an Animatioun vum Mathieu Lebrun,

op der Basis vu Biller vum Foni Tissen

03_A_LABEL_PROJEKTLEITER_V1_CMYK_FR
Recent Comments
    Ads
    Event Search

    You should choose a search result page. You can choose the page from the Theme Options > Events > Event Search Results Page option.

    Latest Posts