2 Kannerliesungen an eng Fruppstut

mam Isabelle Marinov a Martine Schoellen

De Leo an den Oktopus, Isabelle Marinov 

De Leo ass en autistesche Bouf, deen sech net gutt zurecht fënnt a senger Welt, bis en d’Maya, en Oktopus kenne léiert, eng Renconter, déi hien immens präägt an duerch déi hie sech manner eleng fillt. Well d’Maya dréckt doduerch, dass et seng Faarf changéiert, seng Gefiller aus, dowéinst kann de Leo hat besser verstoen an en huet en direkten Zougang zu senge Gefiller, déi e bei den anere Kanner net esou liicht deite kann.

D’Schmetten an d’Schmooen, Martine Schoellen

D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger verbuedener Léift op engem Planéit wäit ewech. D’Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen.
Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d’Babett an de Jo hale sech net un d’Reegele vun hire Grousselteren. A wéi dat an de grousse Libes‑geschichten esou ass, maache si sech heemlech dervun … a fléie fort an de Weltall.

Tickets
Réservation
Événement complet
Free
Réservation
Obligatoresch Umeldung
Free

Fräien Entrée

Détails de l'évènement