
Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers
E Lauschter-Trëppeltour am Obeler Bësch
Kontext:
Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis ab 2023 op eng digital Rees.
Getrei dem Motto „Remix culture“ huet MASKéNADA, fir Esch2022-Europäesch Kulturhaaptstad, d’Fraebiller aus ale Geschichten a Legenden nei opliewe gelooss. Mat alen an neie Soen, ënner anerem inspiréiert vum Mil Goerens sengem Repertoire vun „Eiser Soen“, goufen a 6 ausgewielte Südgemengen, 6 verschidde Projeten entwéckelt: Esou si 4 live Theater-Trëppeltier & 2 Lauschter-Trëppeltier vun Abrëll bis Oktober 2022 an de Gemengen Esch, Beetebuerg, Suessem, Diddeleng, Monnerech an Déifferdeng präsentéiert ginn.
No Esch2022, also fir 2023, wëll MASKéNADA dësen neie „Legenden-Parcours- Remix“ duerch di schéi mystesch Minetter Natur, nohalteg fir eng zweete Kéier „remixen“! Esou gëtt all Projet vum « Roude Fuedem duerch de roude Buedem », all 6 Frae Legend, all 6 Käpp, ganz digital a 6 Lauschter-Stécker adaptéiert an op enger eenzeger Applikatioun zu Verfügung gestallt.
Eisen « Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers » gëtt da vun engem « Theater » -Trëppeltour als « Lauschter » -Trëppeltour adaptéiert, deen de 05.05 zu Beetebuerg am Obeler Bësch ageweit gëtt.
No sou ville Joren ass dëst erëm d ‘Geleeënheet an där dir Iech op d’Juegd begitt. D’Juegd no deem Onbekanntem, dem Duerchdriwwenen, dem Béisen, dem Schlechten. Mir sti fir alles wat reng a puer ass, gutt a gerecht. An dofir huelt är Täscheluucht, äre geluedenen Handy an är Kopfhörer a kommt mat eis op dësen hellegen auditive Kräizzuch! Zesumme maacht dir Iech mat eis op d’Sich no Gestalten aus Seechen, a verstommte Stëmme vu Fraen aus vergaangene Zäiten.
De Parcours kann een am Dag oder an der Nuecht (bis 22h) ofgoe fir den extra Grujelfaktor ze erliewen.
Lued am Virfeld d’APP « Roude Fuedem » op der Plateform ….. erofzelueden, fir dono d’QR-Coden déi am Bësch verdeelt sinn domadder anzescannen. Esou kënnt dir op de verschiddene Statiounen den onheemlechste Wiese begéinen an hier Geschichten héieren.
Infoen
Départ
Beim Parking vum Bëschkierfeg / beim Monument vun der “Ghost Army” – tëschend Leideleng an Obeler, CR 163.
Dauer vum Parcours
Ongeféier 120 min & 3 km
Sprooch
Lëtzebuergesch
De Lauschter-Trëppeltour « Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers » ass disponibel ab dem 05.05.2023
Applikatioun
« Roude Fuedem” fir Android am Google Play oder fir IOS am App Store, oder einfach de QR Code scannen oder uklicken :
