



De Centre national de littérature kënnt am Kader vu senger Liesrees op Beetebuerg.
Am Mee a Juni 2021 war de Centre national de littérature, dee seng Visiteuren normalerweis zu Miersch empfänkt, fir d’éischte Kéier op eng grouss CNLiesrees duerch d’Land. Ënnerstëtzt gouf en dobäi vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, der Federatioun vun de Librairen a vu enger ganzer Rei vu regionalen a nationale Kulturhaiser. Well des Liesungen a Gespréicher e grousse Succès haten, geet de CNL och dëst Joer op CNLiesrees. Déi éischt Statioun ass Beetebuerg, wou d’Aventure de 25. Abrëll ufänkt. Duerno kann ee wärend zwee Méint am ganze Land bei Liesungen an Diskussioune mat Auteuren an Autricen, déi an deene leschte puer Méint e Buch erausbruecht hunn, d’Literatur zu Lëtzebuerg mat senge ville Facetten a Sprooche kenneléieren.
De 25. Abrëll invitéieren de CNL a Kooperatioun mat der Gemeng Beetebuerg an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op en Owend mam Corina Ciocârlie, Jean Portante a Lambert Schlechter.
Ces mots qui voyagent
Soirée de lecture avec Corina Ciocârlie, Jean Portante et Lambert Schlechter
Modération: Centre national de littérature
Mots-valises ou valises remplies de mots : Des souvenirs poétiques aux descriptions d’endroits porteurs de littérature, Corina Ciocârlie, Jean Portante et Lambert Schlechter nous présentent de nouvelles publications qui invitent au voyage à travers le temps et l’espace. Promenez-vous à Venise, découvrez l’Europe en zigzag et prenez le tram avec Wendelin, tout en passant par des endroits tout près de chez nous. Connaissez-vous Differdange ?
Bicherdësch: Librairie Ernster
Accessibilité sans barrière

