![](https://literatour.lu/wp-content/uploads/2024/02/Dany-Gales-Band.jpg)
![](https://literatour.lu/wp-content/uploads/2024/02/Bild-DGeschicht-vum-klenge-Fuuss-deen-e-Buch-wollt-schreiwen.jpeg)
E musikalesche Figurentheater mat Live – Musik vum
Dany Gales – Geschicht, Konzept, Spill a Biller
Anne Kaftan – Bassclarinette
Georges Urwald – Arrangementer, Piano
Frank Hemmerlé – Percussioun, Bruitages
Et ass d’Geschicht vun engem klenge Fuuss, dee gäre Bicher liest.
Enges Daags wëllt de Fuuss selwer e Buch schreiwen.
Hie sicht eng wäiss Fieder, e schéint Heft an en Dëppche
mat däischterbloer Tënt.
De Fuuss wëllt ufänken, seng Geschicht ze schreiwen.
Mee wéi hie virum wäisse Blat sëtzt, kënnt kee Wuert aus senger Fieder !
« Mmm … Iwwert wat soll ech schreiwen ?, freet de Fuuss sech
a spadséiert an de Bësch, fir no der Inspiratioun ze sichen …
Kommt mam Fuuss op d’Sich no der Inspiratioun
an erlieft dës léif Geschicht mat faarwege Biller an aussergewéinlecher Musik !
Wéi am musikalesche Spektakel « Kolja a Galina, wa Kuebe reesen … » ginn och bei dëser neier Geschicht vum klenge Fuuss d’Kanner interaktiv bedeelegt. Loosst iech iwwerraschen !