Lauschtertrëppeltour « Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers » – De roude Fuedem duerch de roude Buedem

Lauschtertrëppeltour – « Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers »
vum « Roude Fuedem duerch de roude Buedem »  

En Erzielparcours duerch déi schéin a mystesch Beetebuerger Natur

 

D’Mirka Costanzi, Projetsleederin begleet iech op der Visite guidée, zesumme mat der Auteure Mandy Thiery & dem SchauspillerLuc Lamesch.
Am Joer 2022 huet Maskénada eis am Kader vum Projet “Roude Fuedem duerch de roude Buedem” mat op Obeler an de Bësch geholl, op den Theater-Trëppeltour “Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers”. Hei goufen ZuschauerInnen op verschiddene Statiounen zum grujele bruecht.
Ab 2023 retracéiert een Audiotour dëse Projet deen sech zesumme mat iech op d’Sich no Gestalten aus Seechen, a verstommte Stëmme vu Fraen aus vergaangenen Zäite mécht. An 15 verschiddene Statioune ginn d’Leit hei weiderhin zum grujele bruecht.

Am Kader vum LiteraTour invitéiere mir iech mat der Equipe ronderëm dëse flotte Projet owes de Parcours ze trëppelen a ze lauschteren a mat de KënschtlerInnen weider flott Anekdoten an Hannergrondinformatiounen ze héieren.

Treffpunkt beim Waasserbaséng Jongebësch, CR 163, Trëppelwee BB2

12 +

Treffpunkt beim Waasserbaséng Jongebësch, CR 163, Trëppelwee BB2

Réservation
Obligatoresch Reservatioun
Free

Umeldung per inscription@bettembourg.lu bis den 23. Abrëll.
All weider wichteg Informatioune kritt dir direkt no der Umeldung
Eng Navette hëlt iech um 19.45 Auer um Parking vun der Beetebuerger Sportshal of

Détails de l'évènement
Sponsors