
Eng intergenerationnel Liesung proposéiert vum SEA Sportshal Beetebuerg a vun deForum.

Anja Di Bartolomeo, Clara Hertz
Den Arthur ass eng liewensfrou Eil. Leider fënnt net all Déier am Bësch et gutt, datt den Arthur sou ass, wéi hien ass. Mee den Arthur stéiert sech net dorun – bis enges Daags een Déier den Arthur ugräift …
D’Geschicht vum Arthur handelt dervun, datt ee seng Plaz an der Welt fënnt a keng Angscht brauch ze hunn, gemobbt ze ginn. Et geet an der Geschicht ëm Mutt, Frëndschaft a Respekt an dorëms, wéi ee fir sech a seng Frënn asteet.
Dës Liesung gëtt begleet vun 1 – 2 Ateliere am Virfeld wou mir zesummen ee Lidd mat Gesang a Musek astudéieren. Gitt eis gäre bis Enn Januar Bescheed wann dir hei wëllt matmaachen.
Mat frëndlecher Ënnerstëtzung vum MEN.