Marche gourmande am Kader vun der Aweiung vum
interaktiven Erliefniswee „De Ris geet op d’Rees“

Kommt mat op d’Marche gourmande an entdeckt

den interaktiven Erliefniswee
„De Ris geet op d’Rees“
e kreative Ris-Parcours duerch d’Gemeng, dee laangfristeg erlieft ka ginn.

Den 30. Abrëll gëtt dem Ris säin Erliefniswee am Kader vun engem kulinareschen Ausfluch dem Grand Public presentéiert:
Beetebuerger Veräiner suergen fir ee gudde Maufel an ee Patt op verschiddene Statiounen ronderëm de neien Erliefneswee.

Mellt Iech un a gitt un de Start beim Ris senger Marche gourmande.

Sonndes, den 30. Abrëll
Départen ab 9.30 Auer

Weider Informatiounen zum Menü & Aschreiwung ab dem 4. Abrëll op dëser Plaz.

Mir sinn am gaangen den Theemewee fir iech z’aménagéieren.
Kuckt eran, op De Ris geet op d’Rees – Accueil | Facebook

Hei e puer Andréck vum Work in progress!

Dësen Erliefniswee baséiert op der BD « De Ris geet op d’Rees » déi am Commerce an zu Beetebuerg am Bicherkueb an am Parc Merveilleux op Iech waard.

Tickets
Keine Reservierung
Free

Eintritt frei
Barrierefreier Zugang

Détails de l'évènement
Sponsors