D’Minimaus
Dany Gales

Alter: 3 +

Sprooch: LU

Et wor emol eng Maus, déi mat villen anere Mais an engem Dall an Afrika gelieft huet.

Well si esou butzeg war, ass si Minimaus genannt ginn.

„Ech wier gär grouss a staark!”, huet d’Minimaus gepiipst.

„Du muss vill iessen, da gëss de esou grouss a staark wéi e Léiw!”,  huet hire Pappa gesot.

An der Nuecht, wéi all déi aner Mais geschlof hunn, huet d’Minimaus sech op de Wee gemaach, fir e Léiw ze sichen…

D’Dany Gales erzielt a spillt déi spannend Geschicht aus hirem Billerbuch vun der butzeger Minimaus mat Hëllef vun engem grousse Kamishibai, enger Zort Billerbuchkino, mat transparente grousse Biller

a mat Figuren.

Entdeck dee ganze Programm vum Ouschterméindeg hei: https://literatour.lu/de-programm-2025/lundi-21-avril/

Biller aus dem Billerbuch „Minimaus“ vum Dany Gales
Détails de l'évènement
Tickets
Keng Reservatioun néideg
Free

Entrée fräi
Barrièrefräien Accès

Détails de l'évènement
Sponsors