

A sengem Concert-Viertrag erzielt de Guy Schons, Museker, Historiker a Grënner vum Lëtzebuerger Ensemble Dullemajik, wéi d’Awunner vu Lëtzebuerg an den ugrenzende Regioune fréier geliewt hun a wéi eng Lidder se an den Uuchten a bei den Hochzäite gesongen hun. An de Viertrag agebonnen erklénge stëmmungsvoll Balladen a lëschteg Lidder aus der Renaissance an der fréier Neizäit, interpretéiert vum Guy Schons (Gesang a Gitar).