Ee Päerderchersspill
Kaleidoskop Theater

Ee Päerderchersspill

Jean-Paul Maes / Kaleidoskop Theater

Den Häer Sunnen ass Forrain a wunnt an engem Appartement, wat hie séch esou just nach leeschte kann. Well hie sech net genuch ëm déi alldeeglech Saache këmmert, huet hien iwwersinn, datt déi Koppel, déi him dat Appartement verlount haat, ewell virun enger Zäit verstuerwen ass.

Do daucht eng Madame Dondelinger op, wéi si seet, eng wäitleefeg Niece, déi wuel eenzeg Ierwin ass. Natierlech kënnt si fir éischtens emol hier nei Proprietéit ze gesinn an virun allem de Loyer erop ze setzen.

D’Welt vun de Kiermesleit ass hier eng zimlech friem, déi si op eng gewësse Manéier faszinéiert, ouni séch wierklech virstellen ze kënnen, eng Kéier faktesch dermat ze doen ze kréien.

Den Häer Sunnen mengt awer déi Madame Dondelinger ze kennen … et kritt een esouguer no a no den Androck, datt hien vun Ufank u sécher ass, ze wëssen mat wiem hien et ze dinn huet. Hiert Gespréich fänkt un séch ëmmer méi déif an hier onerfëllte Liewesweeër ze bueren, bis si séch um Enn zimlech blouss hannert hieren verluerenen Illusiounen erëmfannen.

Dem Jean-Paul Maes seng Dialogen si sprëtzeg an dreiwe sech selwer bis op déi Spëtz, wou se da kucke musse, mat hire Protagonisten nees erofzekommen. An dat mécht deen Theater esou interessant a schaarf.

Et laacht een, da kritt een onverhofft eng op de Bak an et waart een, iwwert dem weidere Laachen, op déi nächst.

Réservation
Reservatioun néideg
Free

Barrièrefräien Accès

Détails de l'évènement
Sponsors