En ausgetrëppelte Schong

D’Valérie an den Thierry woren mat hierer Duechter vu siechzéng Joer an der Vakanz an engem nordafrikanesche Land, all inclusive, et wor flott, immens, leider net laang genuch. Erëm doheem fällt en ausgetrëppelten Dammeschong aus dem Thierry sénger Valise, och nach grad just dem Valérie an d’Gräpp. Eng Explikatioun, wou deen hierkomme kann, huet den Thierry net. Lues a lues verblatzen déi schéin Vakanzenimpressiounen an, am Fong ausgeléist duerch dëse Schong, ginn déi al Fronten tëschend der Koppel nees opgestallt, Haass, deen am Laf vun de Joeren gewues ass, beemt séch nees op an ee Lijenteppech, deen zënter Joeren deem Stot do ënnerläit, weist séch erëm no an no.

Text: Jean-Paul Maes
Regie: Fabio Godinho
Szenographie: Marco Godinho
Technik: Roland Jakobi
Assistenz: Brigitte Bintz
Akteuren: Nora König & Marc Baum

En Interview mam Jean-Paul Maes

Wéini hu séch éischt Unzeechen gemellt, datt de JPM séch op der Bühn doheem fillt?

Ech haat bei eis an der Strooss mat, mengen ech, aacht Joer eng „Theatertroupe“ gegrënnt, déi an eiser Garage optriede sollt, mat Stéicker, déi ech geschriwwen haat. Et koum awer net ëmmer zu deenen Virstellungen, well déi Garage un ee Noper verlount wor, méng Elteren haate keen Auto, a mir hunn all Kéier missten hoffen, datt deen net grad dann säin Auto dra stoen haat.

Watfir lëtzebuerger Personnagen hunn dech an dénger Carrière besonneg inspiréiert an/oder guidéiert?

Als relativ klengt Kand wor ech faszinéiert vun der Stëmm vum Léon Moulin, déi ech nëmmen aus dem Radio kannt hunn. Wéi d’Nationallotterie eng Kéier zu Nidderkuer (wou ech hierkpommen)

gezu gouf, wor de Léon Moulin an der Varitéséquipe, déi deen Tirage ëmmer begleet huet. Nëmme wéinst sénger hunn ech mer déi Manisfestatioun deemols ugekuckt, haat och ee Lous an der Täsch, awer näischt gewonnen. Ee gudden Deel vu ménger Carrière begleet huet mech de Marc Olinger, mat deem ech zwar nëmmen eng Kéier op der Bühn stong, eng vu sénge leschte Kéieren an „De Wollef kënnt heem“ vum Raoul Biltgen am Kaleidoskop zu Beetebuerg. Een anere Kolleeg an däer Besetzung wor de Philippe Noesen, mat deem ech grad esou, wéi mam Marc, eng laang Zesummenaarbecht (si zwee als Theaterdirekteren, ech als Acteur, Regissuer oder Auteur) haat.

Ass et heinadsdo schwéier dee fiktive Personnage, deen een op der Bühn spillt mat der realer Persoun auserneen ze haalen?

Jo a neen. Eng absolut Noutwennegkeet ass et fir jidfereen, deen de Beruff vum Schauspiller ergräift, datt en mental stabil ass. Et héiert een alt vu Leit, déi Realitéit mat der Fiktioun net auserneen haale kënnen. Leider melle séch och dacks Jonker op Schauspillschoulen mat engem psychesche Problem, wat an der Ausbildung, wa si iwwerhaapt esou wäit kommen, meeschtens zwar erkannt gëtt, awer net ëmmer. Ech denken, wann z.B. en Akteur, deen den Danton am Georg Büchner séngem „Dantons Tod“ spillt, zum Schluss vun der Bühn ofgeet fir gekäppt ze ginn, da muss hie wëssen, datt a Wierklechkeet, esoubal hien an der Gass verschwënnt, net d’Guillautine op hie waart, mee de Feierowend, mat eventuell engem killen Himpchen. Et ass awer onbedéngt néideg, datt een eng Roll mat séch hëllt, besonneg an der Proufzäit, wou së an engem entsteet an dat fierwt schonn op dat alldeeglecht Liewen of, wat awer och eng, wéi ech fannen, schéin a spannend Aufgab ass.

Gëtt et ee Stéick, dats Du nach onbedéngt am Kaleidoskop realiséierer wëlls?

Onbedengt vläicht net onbedéngt, mee zum Beispill fannen ech „Der zerbrochene Krug“ vum Kleist eng vun deenen herrlechsten Komeedien an der däitscher Literatur. Mir wëllen awer och an Zukunft méi staark nieft deenen bekannte Wierker vun der Weltliteratur nei Stéicker vu Lëtzebuerger Auteuren spillen.

Tickets
Réservation obligatoire
VEUILLEZ SUIVRE LE LIEN CI-DESSOUS AFIN DE RÉSERVER VOTRE PLACE POUR L'ÉVÉNEMENT - ATTENTION UNE RÉSERVATION EST OBLIGATOIRE AFIN DE POUVOIR ASSISTER À LA Représentation.
Free

Entrée payante

Détails de l'évènement