En Owend mam Auteur Romain Butti

Ein Jahr in Berlin

© Iberico Alex

Romain Butti

De Romain Butti, Joergang 1989, huet däitsch an englesch Literaturwëssenschaften zu Freiburg (D) studéiert, éier hien zu Berlin als Social-Media-Manager geschafft huet. No sengem Openthalt an der däitscher Metropol huet hien eng Zäit an Neiséiland gelieft, wou virun allem déi oppe Mentalitéit an déi vast Natur en déif beandrockt hunn. Dës Andréck verschafft den Auteur a senger Novell „Ein Jahr in Berlin”, déi 2019 bei Kremart Edition an der Kanephora-Rei verëffentlecht gouf.

„Fir wann ech net méi kann“ ass dem Auteur säin éischt Theaterstéck, fir dat hien 2018 den 1. Präis beim Nationale Literaturconcours krut. Et koum 2020 bei Kremart Edition an der Serie Timba eraus – e Stéck mat poeetesche Biller an enger intensiver Atmosphär ronderëm en Haaptpersonnage, deen an enger déiwer, perséinlecher Kris stécht. DʼStéck ass och dʼBasis vum Projet „The End My Friend“, deen am Mäerz 2021 online ze gesi war mat Philippe Meyrer, Konstantin Rommelfangen an Annette Schlechter, ënnert der Regie vum Ronald Dofing a mat Musek vum Bartleby Delicate.

Am Kader vum Projet „Connection“ vum Kinneksbond Mamer an de Stater Theateren ass 2020 ënnert der Regie vum Fabio Godinho dem Romain Butti säi Monolog „Erop“ opgefouert ginn.

Tickets
Réservation
Obligatoresch Umeldung
Free

Fräien Entrée

Détails de l'évènement