Geckegen Hunneg – Nico Helminger

Nico Helminger

Am Gespréich mam Pit Hoerold

D’Sprooch, als éischten Zougang vun de Kanner zur Welt, wëll mat Wierder dës Welt gräifbar maachen.
Mee a wéi wäit ka Sprooch dat haut nach leeschten?
Ass d’Welt nach ze gräifen, -ze begräifen?

Duerch d’Opbrieche vu Sproochreegele versichen des Sequenzen dem Kär vun eiser entfriemter Welt méi no ze kommen. Dobäi zeechent den Nico Helminger mat melodescher Melancholie – ëmmer erëm an diskret dauchen dobäi Stëmmen aus der Vergaangenheet op, vu Ryōkan bis Rilke, vun Hölderlin bis Herbeck –, awer och mat Sproochwitz, d’Onzoulänglechkeete vun enger verréckter Welt no.

Sprache: LU

Détails de l'évènement
Tickets
Reservatioun
Free

Fräien Entrée
Barrièrefräien Accès
Reservéiert w.e.g. Är Plaz(en)

Détails de l'évènement
Sponsors