Guy Rewenig – Geschichten an Erzielungen

Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch

Et ass déi drëtt Publikatioun an domat den Ofschloss vun enger Serie, déi am Verlag Guy Binsfeld erauskomm ass.

Moderatioun: Christine Mandy

L'auteur

Guy Rewenig

Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch ass den Titel vum Guy Rewenig sengem neien Erzielband. Et ass déi drëtt Publikatioun an domat den Ofschloss vun enger Serie, déi am Verlag Guy Binsfeld erauskomm ass.

A senger neier Sammlung vun eelef Geschichten an Erzielunge bleift de Guy Rewenig der Linn vun Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen (2015) an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns (2017) trei. Mat vill Wuertwitz, Situationskomik an absurde Momenter entwéckelt hien e klenge Panorama vum Liewen zu Lëtzebuerg, stellt dobäi skurril, verdreemten, traureg oder queesch Personnagen an de Mëttelpunkt.

Et geet dobäi ënner anerem ëm Reiwereien um Familljefest op Neijooschdag, eng Vakanzerees mat Grousselteren an Enkelkanner, bedreelech Ereegnesser bei engem Patientebesuch am Spidol, zwee fréier Schoulkolleegen, déi sech no laanger Zäit op enger niwweleger Parkplaz erëmbegéinen, e Wonnerkand, dat net ze zëssen ass, de kreative Virschlag vun iessbare Bicher, en Auteur, deen e Buch iwwer Näischt geschriwwen huet, oder och eng Koppel, där hire Sonndesausfluch op de Stauséi ëmmer méi zu enger logistescher Erausfuerderung gëtt.

Tickets
Réservation
Obligatoresch Umeldung
Free

Fräien Entrée

Réservation
Événement complet
Free
Détails de l'évènement