Kannerliesung mam Betsy Dentzer: Héngerhaut-Geschichten

Betsy Dentzer
© Véronique Kolber

Fir d’éischt spiert een et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Aërm erof. Et gëtt mir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäerteresch zesummen, an awer gi méng Ouere grouß op… well et ass jo awer och immens flott, sech esou richteg gutt ze schudderen, gell?

Ee Grujhel- a Gespenstergeschichteprogramm fir den däischteren Hierscht, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer.

Tickets
Réservation
Obligatoresch Umeldung
Free

Fräien Entrée

Détails de l'évènement